Luxembourg Mystery Tale – Production Diary 12 (LU)

De leschten Blog-Update ass schon eng Zäitchen hier (9 Méint), also fänken mer direkt mol mat de gudden Norichten un :

THE GOOD : Dréihaarbechten sin oofgeschloss!

Dréihaarbechten zu “Luxembourg Mystery Tale” (LMT) hun de Freiden, 4. Juli 2008 ugefang an sin den Donnesden, 19. August 2010 oofgeschloss gin. Wéi mir 2007 ugefang hun den Projet ze plangen, hun mer décidéiert nëmmen während de Weekender ze dréien, well mer zimmlech séier verstan haaten, dass et onméiglech géif gin all d’Schauspiller, Statisten a Mataarbechter während ganzer 3 Wochen fir den Tournage ze mobiliséieren, ouni iwwerhaapt iwwer d’Autorisatiounen ze schwätzen déi mer hätten missen zesummen kréien fir dierfen op all den Plazen ze dréien, déi mer ons fir de Film gewönscht hun. A suguer wann mer et färteg bruecht hätten, all d’Leit déi um Film matschaffen (iwwer 150 Persounen) fir 3 Wochen ze mobiliséieren, dann hätten mer et awer zäitlech nët gepackt den Film oofzedréien. Wor “Zombie Film” nach an 21 Deeg hannert enee gedréit gin, esou hun mir am ganzen 47 Deeg, verdeelt op iwwer 2 Joër, gebraucht fir “Luxembourg Mystery Tale” ze dréien. Mir hun bei dësem langen Tournage sëcher ganz wertvoll Erfahrungen gesammelt an ons Equipe wärd ganz geschwönn méi iwwer dës Erfahrungen erzielen…

Waat mech am meeschten beandrockt huet an deenen iwwer 2 Joër Tournage ass den Asatz vun de Schauspiller an der Produktiounsequipe. Obwuel ech wees, dass et villen Schauspiller an och de Leit aus onser Equipe ze lang dauert, bis de Film endlech eraus könnt, huet keen eenzegen ennerwee de Kapp hänken geloos a all Mënsch huet bis um Enn matgeschafft. Esou eng professionnel Astellung ass eppes Rares bei enger Amateur-Produktioun. Mee wéini kënnt “Luxembourg Mystery Tale” dann elo eraus? Déi Fro bréngt ons zum zweeten Punkt :

THE BAD : Kee neie Datum fir d’Sortie vum Film!

Ganz éierlech, mir wëssen einfach nët wéini de Film eraus kommen wärd, well mer nët wëssen wéi lang d’Post-Produktioun dauere wärd. Och wann mer schon een Réih-Montage vun 70% vum Film hun, bleiwt nach VILLES ze din, wéi z.B. d’Faarwkorrektur, d’Ënnertitlen, digital Spezialeffekter, de Générique, d’Titelanimatioun, den Toun-Montage, d’Musek-Oofmëschung bis hin zum finalen Schnëtt,  ouni vun der Marketing-Campagne ze schwätzen. Och wann mir schon op ALL dësen Aufgaben schaffen, huelen sie dach vill Zäit an Usproch wann een gären hätt, dass sie anstänneg gemach gin. A mir wëllen sëcher den beschten Film machen, dee mer am Moment mat onsen Moyen mache können. Mee och wa mer keng nei Datumer fir d’Sortie vum Film annoncéieren wöllen – déi mer dann eventuell nët agehaalen kréien – können mer elo schon eppes verspriechen an zwar dass mer an den nächsten Wochen an Méint ganz oft daat heiten werden gesin:

Daat ass een typischen Montage-Programm (an dësem Fall Premiere Pro) a montéieren, Spezialeffekter zesummestellen an Toun oofmëschen ass daat mat deem mir ons beschäftegen werden bis de Film endlech fir d’Sortie bereed wärd sin. Oder besser gesoot, daat ass waat mer probéieren wärden ze man, well eng Situatioun ass nie esou schlecht, dass sie nët nach schlëmmer kéint sin.

Daat bréngt ons zum drëtten Punkt :

THE UGLY : Murphy’s Law!

Grad elo wou mer mat den Dréihaarbechten färteg sin an ons voll a ganz op d’Post-Produktioun vum Film konzentréiere können, huet onsen Haapt-Schnëttcomputer décidéiert an de Congé ze goen. Wéi mir no Schnëtt-Solutiounen gesicht hun, hun mer ons um Enn fir eng zimmlech deier Mac Pro workstation décidéiert well déi d’Reputatioun hun zimmlech zouverlässech ze laafen. Abé, onsen Mac Pro, deen mir exklusiv fir den Schnëtt vum “Luxembourg Mystery Tale” agesaat hun, wöll no knapp 2 Joër Asatz einfach nët méi starten.

Am Moment kucken d’Jongen vun Lineheart nom Problem a probéieren esou vill wéi méiglech vun onsen Daten ze retten, vu dass et sech ëm een Harddisk-Problem ze handlen schéngt.  Och wa mir Backup’n vun all onse Projet’n hun, esou hätte mer dach ganz gudd op dëse Mëssel verzichten können. Deen heiten Blog-Update schreiwen ech op mengem 6 Joër aalen PC (deen selwechten deen mer fir de Montage vum “Zombie Film” benotzt hun). Mir hätten op dëser Plaz elo ganz gär e puer Fotoen vum Tournage publizéiert, mee am Moment hun ech einfach keen Zougrëff op d’Fotoen (op alle Fall nët ouni iwwer eng Backup-Installatioun ze goen)

Mee fir op eng méi positive Note opzehaalen : ganz geschwönn gin et gréisser Neierungen an News zu Obskura a  “Luxembourg Mystery Tale” unzekönnegen (et wärd op alle Fall keng 9 Méint méi daueren). Bis dohin, villmols merci dass der bis hei era gesprongen sidd.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *