Luxembourg Mystery Tale – Production Diary 3 (LU)

Genau 4 Joër nom Tournage vum “Zombie Film”, ass virleschten Weekend d’Klapp gefall fir den Tournage vun den éischten Szenen vun der neier Filmproduktioun vun der Obskura a.s.b.l., “Luxembourg Mystery Tale” (LMT).

Ett wor fir ons ganz Equipe e spannenden Moment, schliesslech haaten mir zanter “Zombie Film” keen Film méi gedréiht an wollten endlech gesin, wéi mer ons um Terrain schloen géifen, nodeems mer die lescht 4 Joër haaptsächlech domat verbruecht hun, ons Wëssen iwwer Film- a Videoproduktiounen ze verdéifen. Verschidden nei Memberen vun der a.s.b.l. woren elo schon 2 Joër dobäi an haaten nach guer keng Geléenheet krut fir un engem Tournage deelzehuelen, esou dass ett hinnen schon an den Fangeren gebrannt huet, fir endlech unzefänken… (nedu Dino).

Vu dass mer nët allzevill iwwer d’Geschicht vum Film erzielen wöllen, fir dem Zuschauer de Spaas an d’Spannung nët ze verdiewen, wöllen mer haut just op die méi technesch an organisatoresch Aspekter vum Tournage agoen. Mir hoffen, dass och daat fir den Lieser interessant ka sin…

Set a Setup

Wéi ons Equipe sech Freides den 4. Juli owes getraff huet, fir an engem Haus zu Esch die éischt Szenen ze dréihen, woren d’Opreegung an d’Erwardungen grouss. No esou vill Méint voller Schreiwen, Plangen an Investéieren konnt et endlëch lass goen. Fir die Szene déi an der Nuecht vum Freiden op Samsden an vun Samsden op Sonnden gedréiht gouf, hun mir een grousst, zimmlech stilvollt Haus gebrauch. Gudd Frënn vun ons woren esou léiw an hun ons hier Haus den ganzen Weekend iwwer zur Verfügung gestallt während sie mat hiere Kanner am Ausland d’Famill besiche woren. Daat woren optimal Konditiounen fir ze dréihen, vu dass mer Accès op e puer ganz essentiel Equipementer fir eng erfollegräich Filmproduktioun haaten : Stroum, een Daach iwwer’m Kapp, ee Frigo, eng Kaffismaschin an eng Terrasse fir d’Fëmmpausen.

Sofia Lopes an den Yves Schaaf um éischten Dag vum Tournage vun Luxembourg Mystery Tale

Am spéiden Nomëtten, direkt no der Arbecht, ass ett dunn lassgang. Daat éischt waat mer gemach hun, ass d’Miwwlen ze rëcklen an d’Haus emzedécoréieren. Am Scénario gehéiert d’Haus enger jonker, zimmlech alternativer Studentenkoppel. Die ganz Puppelchersspillsachen déi am ganzen Haus verspreet woren, hun also all missen geraumt gin. D’Biller un den Maueren hun missen geännert gin an am Trappenhaus hun d’Kannersëcherungen oofmontéiert missen gin. No nëmmen knapp 2 Stonnen wor d’Haus nët méi erëm ze erkennen. Während d’Schauspiller dunn an d’Mask gang sin an do fir hier Rollen geschminkt an agekleed goufen, goufen gläichzäiteg die éischt Kamerastellungen virbereed an d’Beliichtung opgestallt. D’Beliichtung ass mam Toun deen Aspekt, deen bei den meeschten Amateur- bis Semipro-Produktiounen am meeschten vernooléissegt gët. Och den “Zombie Film” haat an dësen zwee Beräicher e puer zimmlech schlëmm Aussetzer.  Daat sin dann och zwee Punkten, déi mer ons virgeholl hun am LMT besser ze man. Daat ass – wéi esou villes, awer méi liit gesoot wéi gemaach – an den Setup vun der Beliichtung huet ons bei verschidden Astellungen ganz vill Zäit kascht an zu e puer animéierten awer ëmmer ganz kreativen a konstruktiven Diskussiounen gefouert.

Fir d’Beliichtung besser kontrolléieren ze können, huet ons Equipe een Set vun 3 professionnellen Film-Spoten agesaat. Daat wor kee bëllegen Investissement, mee sëcher een, deen sech schon nom éischten Dréihdag bezuelt gemach huet. Bei gudden Film-Spoten ass d’Luucht nët nëmmen stufenlos dimmbar, mee och d’Faarw-Temperatur léisst sech iwwer een Schalter a mat Filteren änneren. Ausserdeem kann den Liichstrahl iwwer eng agebauten Lëns op ee Punkt fokusséiert oder breed verdeelt gin. Mat esou Luuchten kann een schon éignermoosen gudd schaffen, och wann hier Liichtstärkt just fir een Bannen-Asatz duergeet.

Och d’Investissement an een professionnelle Stereo-Mikrophon a Riichtmikrophon hun sech ganz séier als richteg Décisioun erausgestallt. Wann mer eppes um éischten Dréihdag geléiert hun, dann daat, dass een anstännegen Luuchtenset an een anstännegen Mikro d’Kalitéit vun den Opnahmen ganz entscheedend verbesseren können.

D’Schauspiller

Ganz gespaant woren mir natirlech och op den éischten Asatz an op d’Prestatiounen vun den Schauspiller, déi mer iwwer den Casting recrutéiert hun. Nëmmen esou vill siew gesoot: sie woren extreem gudd préparéiert, hun hier Texter kannt, woren bereed all Effort ze man deen fir d’Roll verlangt wor, woren flexibel, disponibel, gedölleg an ëmmer hëllefsbereed. Fir Leit déi esou schaffen, gët ett an der Filmwelt een Adjektiv : professionnel! Mat Schauspiller, déi esou eng Astellung hun, zesummenzeschaffen, erliichtert d’Aarbecht nët nëmmen, mee mëscht sie zu engem Pläiséier! Op dëser Plaz zéien ech – an ech mengen ech kann do fir ons ganz Equipe schwätzen – mäin Hut virum Asatz a virun der Prestatioun vun de Schauspiller (um éischten Weekend wéi um zweeten Weekend) an fréen mech schon op die nächst Dréihdeeg.

D’Crew

Waat d’Arbecht vun onser Film-Crew ugeet, esou wor ech – an do schwätzen ech an mengem perséinlechen Numm als Initiator a Réalisateur vum Projet – einfach nëmmen wéi d’Amerikaner soen “blown away”. Jiddereen huet vum éischten Dréihdag un, seng Plaz fonnt an huet iwwerall wou hien (oder hatt) nëmmen konnt, gehollef fir d’Szenen esou séier an esou gudd wéi méiglech iwwer d’Bühn ze kréien. Ett gët keng besser Motivatioun wéi eng motivéiert Equipe ronderëm sech ze hun.

De Workflow

De Produktiounsplang gesäit vir, dass exklusiv Weekender gedréiht gët, well baal ons ganz Equipe eng regulär Aarbecht huet. Wann een just Weekender dréiht, dann huet een an der Woch mol Owes Zäit fir op d’Plaz vum Tournage ze goen an an aller Rouh die verschidden Kameraastellungen ze plangen. Domat während dem Tournage alles méiglech séier virun geet, gët an der Woch virum Tournage e graffen, awer kompletten Storyboard skizzéiert. Deen ass dann den “fil rouge”, deen ons Equipe um Set duerch die verschidden Astellungen leed. Wéi bei all Film, gët nët onbedéngt a chronologescher Reihefolge gedréiht, mee esou dass d’Luchten- a Kameraopstellungen esou seelen wéi méiglech mussen geännert gin.

Gedréiht gët mat 2 Panasonic HVX200, déi op Späicherkaart ophuelen. Op déi Späicherkaarten passen 16 Minuten HD Video (720p an 1080i oder 32 Minuten am 720p mat 25fps). Wann sie voll sin, gin sie iwwert e Laptop op een externen Harddisk oofgelueden. Wann daat geschitt ass, gët vun deem Harddisk eng Kopie op een zweeten externen Harddisk gezunn. Eréischt wann die zweet Kopie färteg ass, gin d’Späicherkarten zréck an d’Kamera an gin formatéiert fir weider Szenen opzehuelen. Den ganzen Virgang dauert +/- 30 Minuten. An där Zäit können Schauspiller eng Paus machen, d’Mask erneiert, eppes giess a gedronk oder einfach mol e bessi ausgespaant gin. D’Crew bereed während där Zäit meeschtens schon die nächst Prise vir.

A waat ass dobäi eraus komm?

Éier de Film an de Kino könnt, wärden mer nët vill Extrait’n an Set-Photos publizéieren. Hei awer een ganz kuerzen Sneak Preview vun enger vun ronn 20 Opnahmen, déi mer den éischten Weekend gedréiht hun. Toun ass selbstverständlech weder definitiv nach richteg oofgemëscht an d’Faarwen sin och nach nët oofgemëscht. De Clip soll just eng Iddi gin, vun deem waat mer man.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *