Luxembourg Mystery Tale – Production Diary 8 (LU)

Ett ass erstaunlech wéi séier de Summer eriwwer wor. An daat léit nët nëmmen un den schwachen Temperaturen déi mer dës Joër haaten, mee dorun, dass ons a.s.b.l. de ganzen Summer duerch u sengem neien Long-Métrage gedréiht huet. Vu dass die sonneg Zäiten schon lang eriwwer sin, kann een elo schon e kléngen Zwëschebilan vum Tournage machen. Wéi ass ët gelaaf a wéi wäit sin mir mat der Produktioun komm?

Mir hun iwwer 15 Weekender vun Ufank Juli bis an den November eran mam Tournage vum LMT verbruecht, fir um Enn op een Total vu genau 21 Dréihdeeg ze kommen. An deenen 21 Dréihdeeg hun mer eng ronn 70% vum Film ofgedréiht, woubäi ongeféier 1.200 Minuten Film opgehollt goufen. An deenen langen Wanternuechten, déi elo ustin, werden mir die vill Minuten Film genau ënnert d’Lupp huelen an die bescht dovun am Montage zréckbehaalen. Gläichzäiteg werden mir un den digitalen Spezialeffekter schaffen déi a verschidden Szenen vum Film virkommen.

Die restlech 30% vum Film dréihen mer nächst Fréihjoër a Summer, domat de Film hoffentlech wéi geplangt Enn 2009 an d’Kinoen kommen kann.

Fir de Rescht kann ech mech just iwwer die grandios Zesummenaarbecht, déi mer die lescht Méint mat onsen Schauspiller an onser ganzer Equipe haaten, immens fréen. Ett wor eng wirklech ganz flott Zäit an ech hoffen, dass daat nächst Joër esou weidergoen wäert.

Am Fong wollten mer op dëser Plaz e puer Fotoen vum Tournage publizéieren, mee vu dass mer weder ons Schauspiller, nach onsen Film offiziell virgestallt hun an ons daat fir de Lancement vun onser Marketing-Campagne Enn 2009 behaalen wöllen, können mer vun deenen bal 2.000 Fotoen déi mer bis elo gemach hun, just e puer erauspicken déi eng ganz kléng Impressioun vum Tour nage vun de leschten Méint gin.

Eng vun onsen zwou HVX-Kameraen, déi beim Tournage zum Asatz kommen. De Monitoring mache mir op engem normalen Laptop. Deen kann zwar keng absolut trei Fuerwduerstellung garantéieren, mee kann dofir awer die nativ 720p-Opléisung an där mir den Film dréihen pixelgenau duerstellen, esou dass d’Scharfstellen vill méi einfach vun Hand geet.
Ons onermiddlech Produktiounsassistentin Christine, de Petz an die zwee Kameramänner Dino a Carlo bereeden sech op den Tournage vun der nächster Szene vir.
Op virun oder hannert der Kamera, huet d’Mendaly ëmmer alles am Grëff. Hei beim Schminken vun der Statistin Tatjana.
Bei dëser Nuetsszene léist sech onsen Filmmusiker a Soundmann PYK vun der schéiner Kulisse verzauberen.
Trotz der kaaler Nuecht, beweist d’Ivana bei der Mask vun de Schauspiller eng roueg Hand.
Den Dino huet den Yves sëcher am Viséier.
De Petz, de Fuuss, de Carlo, de PYK an d’Christine sin mat der gedréihter Szene zefridden.
An um Schluss, meng perséinlech Lieblingsfoto vun onsem ëmmer konzentréierten Kameramann Carlo.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *