Luxembourg Mystery Tale – Production Diary 9 (LU)

Haut ass ett baal op den Dag genau ee Joër hier, dass mer mat den Dréihaarbechten zum “Luxembourg Mystery Tale” (LMT) ugefangen hun. An och wann den leschten Blog-Beitrag elo schon 7 Méint aal ass, ass hannert den LMT-Kulissen zimmlech vill gelaaf. Hei an e puer kuerzen Sätz wou den Projet drun ass:

  • Am ganzen hun mer zanter leschtem Joër 28 Deeg lang gedréiht. Daat ass méi wéi ee normalen Schaff-Mount. Wann een dann bedenkt, dass an onser Equipe nët eng eenzeg Persoun professionnel beim Film schafft mee jiddereen engem normalen Beruf nogeet an doniewt och nach ee Privat- a Familjenliewen huet, ass daat eng stark Leeschtung fir déi ech op dëser Plaz ons ganz Produktiouns-, Schauspiller- a Statisten-Equipe félicitéieren.
  • Am Moment sin +/- 75% vum Film gedréiht an mir mussen dësen Summer nach eng 10 weider Dréih-Deeg virgesin fir den Tournage oofzeschléissen.
  • Ons ganz Equipe huet beim Tournage vill béigeléiert, waat een vun de Grënn ass, firwaat mer dësen Film iwwerhaapt dréihen. Die aal “learning by doing”-Method. Wéi op all Tournage sin ons och beim LMT eng Reih Fehler ennerlaaf mee am groussen ganzen sin mir mam Verlaaf vun der Produktioun bis elo ganz zefridden, well den Asatz an d’Motivatioun vun de Schauspiller an der Equipe zu enger gudder Arbechts-Ambiance béidroen.
  • D’Wanterméint hun mir genotzt fir een éischten Réihschnëtt vun den bis elo gedréihten Opnahmen ze man. Ee Réihschnëtt erlaabt engem ze kontrolléieren ob d’Szenen och esou funktionéieren wéi een sech daat virgestallt huet.
  • Wann d’Szenen ons nët zefridden gestallt hun, hun mer sie nei gedréiht. Am ganzen hun mer 3 Szenen nei gedréiht. Aus verschidden Ursachen: eemol huet een Schauspiller berufsbedéngt säin Ausgesin änneren missen, eemol gouf ett technesch Problemer bei der Opnahm an daat ass ons réischt méi spéid beim Visionnage vun den Szenen opgefall an eng Kéier haaten mer eng zimmlech opwänneg FX-Szene nët genau genug geplangt esou dass mer an der Post-Produktioun de Spezialeffekt nët esou asetzen konnten wéi mer ons daat gewönscht hun.
  • De Réihschnëtt vun den éischten 75% vum Film ass +/- 70 Minutenlang esou dass een dovun ausgoen kann, dass de färtegen Film 90-95 Minuten wärd lang gin.
  • Niewt dem Réihschnëtt hun mer de Wanter benotzt fir onsen Post-Produktiouns-Workflow ze testen, notamment andeems mer 2 Test-Traileren gedréiht hun déi mer Enn lescht Joër op der KML-Filmnuecht gewiesen hun.
  • Bis elo hun 91 Leit um Film matgeschafft.
  • Eng vun onsen zwou Kameraen huet beim Tournage abémol de Geescht opgin an huet missen an d’Reparatur geschéckt gin. Glécklecherweis hun aaner Lëtzebuerger Filmmaacher sech spontan bereed erklärt ons mat hierer Kamera ze dépannéieren. Daat wor een feinen Geste!
  • Eischt FX-Szenen konnten färteg gestallt gin an missten hierem Ziel gerecht gin d’Geschicht op eng visuell méiglechst flott Art a Weis virun ze bréngen.
  • Am Géigensatz zu onsem éischten Film (Zombiefilm) konnten mer LMT op villen verschidden Plazen an Dékoren dréihen. Dovun erwarden mer ons, dass de Film fir den Zuschauer méi interessant get. Bis elo hun mer beim Choix vun den Dréihplazen keng Kompromësser missen agoen, well mer iwwerall wou mer dréihen wollten, ganz vill Ennerstëtzung an die néideg Autorisatiounen kruten. D’Lëscht vun de Remerciementer am Filmoofspaan wärd lang gin.
  • Doniewt hun mer och nach Zäit fonnt mat den éischten Aarbechten un der Marketing-Campagne unzefänken an konnten och en éischten Foto-Shooting mat enger Reih vun onsen Schauspiller organiséieren. Och do konnten mer op die frëndlech Ennerstëtzung vun engem professionnellen Fotograf zielen. Eischt Designstudien vun der Film-Affiche gesin ganz villverspriechend aus.
  • Keen Film ouni Budget. Den initialen Budget vum Film wärd ëm +/- 30% iwwerschratt gin, mee de Finanzement vum Projet bleiwt assuréiert. Haaptbudgetsposten sin de Kaaf vun Produktiouns- a Post-Produktiounsmaterial, de Catering an de Marketing.
  • Kee Marketing ouni Internet. Domat mer fir de Lancement vum Film prett sin, gët am Moment de Site vun der Obskura a.s.b.l. integral nei programméiert an mat neien Fonktionalitéiten opgeröscht.
  • Een éischten limitéierten Sponsoring-Appel huet ons lescht Joër ronn 20% vum Gesamtbudget an d’Produktiounskees bruecht. Een zweeten méi breeden Sponsoring-Appel gët nächsten Mount lancéiert. Den Ennerscheed tëscht den 2 Appelen, ass dass mer beim éischten näischt aaneres wéi een Konzept présentéieren konnten a beim zweeten schon gedréihten Szenen weisen können, esou dass een Sponsoring-Kandidat méi genau Informatiounen kritt op waat hien sech aléist.
  • Bis de Film erauskönnt, gët ett nach ganz vill ze man. Dorun schaffen mer.
  • Ugepeilten Sortie vum Film bleiwt bis op weideres Enn 2009.
  • 3 HD-Biller vum Film gin et exklusiv an der Filmreakter-Foto Galleryze entdecken

Zu Froen a Kommentaren huelen mer en annexe gär Stellung.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *