Luxembourg Mystery Tale – Production Diary 10 (LU)

Dréihaarbechten fir LMT gin gudd virun. Leschten Mount huet ons Equipe seng bis elo gréissten Szene gedréiht. Ok, vläit nët esou grouss wéi d’Schlachtszene am Ufank vu “Gladiator”, mee trotzdem, fir ons wor ët quasi wéi eng Szene aus “Gladiator” (och wann d’Bluddvergéissen virun dëser Szene geschitt ass). D’Szene huet während engem Begriefnëss gespillt an et hun 10 Schauspiller a 56 Statisten drun deelgeholl. Wa mer richteg gezielt hun, stoungen dann bis elo 142 Leit vir onsen neien Film virun der Kamera. E speziellen Merci geet un d’Statisten an d’Schauspiller déi deen Weekend lang op hieren Asatz hun missen warden, un den Dino, Ben an d’Mendaly fir den eemenzen Catering, un den Yves fir die wirklech beandrockend Särg, u “Rome” fir hieren hellëgen Segen an un de Rescht vum Team fir deen Weekend 26 Stonnen gedréiht ze hun (de nächsten Dag stoung nämlech eng weider grouss Szene um Programm). Mir hun ons bis elo nach nët richteg dovun erholl…

Un esou engem Dag, bied een just, dass d’Wieder matspillt…
Onsen Kameramann Carlo huet nie Angscht sech knaschteg ze man fir ons die beschten Biller ze man.

 

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *