Luxembourg Mystery Tale – Production Diary 4 (LU)

Just eng kuerz (an e bëssen technesch) Notiz, fir d’Wichtegkeet vun der Faarwkorrektur an enger Filmproduktioun ze ennersträichen. Haut gin all TV- a Kinoproduktiounen duerch d’Etappe vun der Faarwkorrektur. An dëser Postproduktiouns-Etappe gin – wéi den Numm ët seed – d’Faarwen vun den Originalopnahmen korrigéiert. Domat probéieren de Produzent an Réalisateur dem Film een eegenen Stil ze gin. Ganz gudd ass daat um Beispill vu “Matrix” ze erkennen, wou d’Wachowski-Bridder dem ganzen Film een liicht gréngen Toun gin hun, fir die könstlech Réalitéit vun der Matrix-Welt ze ennersträichen.

Faarwkorrektur ass am Fong een Beruf fir sech an gët bei groussen Produktiounen vun Spezialisten gemach. Mat e bëssen Méih, ass eng anstänneg Faarwkorrektur allerdéngs och mat vill manner Opwand machbar. Wichteg fir an der Postproduktioun eng anstänneg Faarwkorrektur machen ze können, ass een méiglechst proppert Ausgangsmaterial. Waat bei den Opnahmen ze vermeiden ass, sin könstlech Bild- a Kontrastverschärfungen déi direkt an der Kamera gemach gin. Daat mëcht d’Opnahmen zwar “knackeg”, reduzéiert awer d’Méiglechkeeten an der Postproduktioun. Am Konträr sollen d’Videobiller esou “flach” wéi méiglech, also ouni irgendwellech Kamera-Bildoptimiséierungen, opgeholl gin. Daat geléngt am beschten wann een déi Astellung an der Kamera aussicht, déi den gréissten Kontrastëmfang erméiglecht. Dann gesäit d’Original-Opnahm zwar zimmlech “mau” aus, mee d’Bild huet eng maximal Dynamikspaan an offréiert domat die beschten Viraussetzungen fir eng optimal Faarw-, Dynamik- an Kontrastkorrektur.

Hei ee kléngt Beispill waat eng Faarwkorrektur ausman kann. Fir dës Szene vum Film hun mir mat verschidden Korrekturen experimentéiert an dunn onsen eegenen Korrektur-Filter geschaafen, deen mer ganz schlicht “Night Fox” nennen.

Original Opnahm

 

Faarwkorrigéiert Opnahm

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *