Luxembourg Mystery Tale – Production Diary 13 (LU)

Zanter dem leschten Blog-Update, an deem mir e puer gréisser Neiegkeeten ugekönnegt haaten, sin schon rëm 6 Méint vergang. Déi Leit, déi onsen Versuch verfollegen een lëtzebuerger Kinofilm ze dréihen, wëssen mëttlerweil dass et sech bei den ugekönnegten Neiegkeeten ëm d’Ännerung vum Numm vun onsem Filmmaacher-Club vun Obskura op Camera Obskura (mat neiem Logo), ëm de Launch vun onser neier Websäit an vun onsem eegenen Vimeo channel esou wéi ëm d’Veröffentlechung vum éischten Episode vun onsem Videoblog gehandelt huet. Alles Sachen, déi mer wollten aus dem Wee hun fir ons ganz op onsen neien Film konzentréieren ze können.

Mir hun och d’Problemer mat onser Mac-Workstation behuewen an all ons Fichier récupéréiert. Fir weider Problemer ze vermeiden an d’Post-Produktioun méi iwwersichtlech ze haalen, hun mir de Filmprojet an 5 Ënner-Projet’n opgedeelt, déi all +/- 20 Minuten vum Film ausman. Mir hun och eng “Post-production task force” an d’Liewen geruff. Daat kléngt jo mol gudd, mee ob ët och wirklech eppes dozou beidroen wärd d’Post-Produktioun méi séier virun ze bréngen, daat steet nach an den Stären.

Ok, et gët also nët wirklech vill Neies ze erzielen, also firwaat een Update vum Blog mam Numm “20.000 Meilen ënnert dem Mier”?

D’Änwert op dës Fro fannt Dir an dem kuerzen Video hei drënner. Fir onsen neie Film, ass ons Kamerateam nämlech… ehm… couragéiert dohin gang, wou nach nie ee Kamerateam virdrun gang ass.

What lies beneath from Camera Obskura on Vimeo.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *