Luxembourg Mystery Tale – Production Diary 7 (LU)

7ten Weekend vum LMT-Tournage. D’Schauspiller spillen déi selwëcht Baussen-Szene elo fir déi 5ten Kéier an dës Kéier spieren mer allegueden, dass daat heiten die gudd Prise wärd gin. D’Luuchten stin richteg, d’Schauspiller hun sech warm gespillt, d’Loft könnt aus der richteger Richtung fir den Damp vun der Dampmaschin hannert d’Schauspiller ze verdeelen. Jo, daat gët ganz sëcher die lescht Prise fir déi Kamera-Astellung. D’Schauspiller sin baal um Enn vun hierem Dialog wéi… abémol all d’Luuchten ausgin. Vu dass mer dobaussen matzen an der Nuet dréihen, brauchen mer eng gewëssen Zäit bis mer iwwerhaapt eng Täschenluucht fonnt hun. Ee Kolleg gréift sech endlech eng Täschenluucht an leeft bei de Stroumgenerator deen 50 Meter méi wäit steet. No enger gespierten halwer Eiwegkeet am Schéin vun onsen Täschenluuchten, könnt de Kolleg zréck gerannt : “Ech mengen de Generator huet de Geescht opgin!”  “Daat kann nët sin!” mengt een aaneren Kolleg an rennt mam éischten Kolleg zréck bei den Generator. 10 Minuten méi spéit sin sie allen zwee zréck a sin formell “De Generator huet de Geescht opgin!” Mah super! Ett ass 3 Auer moies, ett ass schwäikaal, d’Schauspiller an d’Equipe sin midd an elo ass och nach ons eenzeg Stroumquell bei der Däiwel. Daat heescht : Schauspiller heemschécken, daat ganzt Material am Schéin vun den Täschenluuchten an Autoscheinwerfer raumen, den Produktiounsplang ëmstellen a kucken wou mer séier en neien Generator fir den nächsten Dag opdreiwen.

Jiddereen deen scho mol eng Guerrilla-Filmproduktioun matgemach huet, huet op manst eng Kéier d’Situatioun erliewt wou alles schief ze goen schéngt a sech heemlech dobäi geduecht: “Firwaat machen mir daat iwwerhaapt?”. Abé, d’Äntwert op déi Fro ass denkbar einfach: “Well mer ett gär man!” An ett brauch een immens vill Léiwt, Leidenschaft an Idealismus, wann een wöll mat wéineg Mëttlen ee Film dréien an d’Götter vum Chaos an vum Reen décidéiert hun, engem e Strëch duerch d’Rechnung ze man.

Den nächsten Dag décidéieren mer den initialen Dréihplang beizebehaalen an die verpatzten Szene zesummen mat all den aaneren Szenen déi mer an der Nuecht vidrun wéinst der Stroumpanne nët oofdréihen konnten einfach op nächsten Weekend ze verléen. A kuck elei! Dës Kéier schéngen mer méi Gléck ze hun, well d’Akteuren können nächsten Weekend rëm all dobäi sin an och e neien Generator konnten mer präiswert opdreiwen. Rendez-vous also nächsten Weekend um 6 Auer owes fir alles fir den Nuetsdréih virzebereeden.

8ten Weekend vum LMT-Tournage. 6 Auer owes. Ons Equipe ass zréck op der Plaz wou mer dréihen sollen. Kee Mënsch traut sech aus sengem Auto ze klammen well et dobaussen mat Eemeren schött. Et ass evident, dass mir an deem Wieder die fehlend Baussenszenen op kee Fall nodréihen können. An onsen schéinen Grillowend mat deem mer den Tournage gemittlech ufänken wollten, können mer ons och oofschminken. Mee vu dass die ganz Equipe schon op der Plaz ass an all Mënsch hongreg ass, décidéieren mir daat Bescht draus ze man… an fueren bei den nächstbeschten Italiener. Zwou Stonnen (an e puer Pätt) méi spéid huet ett endlech opgehaal mat reenen an mir décidéieren zréck op d’Plaz ze goen fir wéinstens ze probéieren e puer Szenen nozedréihen. Dës Kéier loosen ons d’Chaos-Götter an Rouh… a mir dréihen bis Sonnenopgang. Um Enn sin mer trotz midden Aan zefridden mat onsen Opnahmen.

A wéi mer d’Opnahmen kontrolléieren, sin d’Suergen vun den Deeg virdrun séier vergiess. Hei eng vun den Opnahmen déi mer matzen am Wiederchaos dréihen konnten. Mir hoffen, dass sie iech gefällt.

(Nee, mir schaffen nët un engem neien Disney-Film. Mir wollten einfach nëmmen no esou vill Reen, Keelt an Pannen endlech rëm eppes Schéines gesin)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *