Luxembourg Mystery Tale – Production Diary 2 (LU)

De Casting fir “Luxembourg Mystery Tale” (LMT) ass eriwwer. Am Ufank woren 3 Casting-Séancen geplangt  (10 Mee, 18 Mee, 24 Mee). Well ons a.s.b.l. awer ganz vill Umeldungen fir de Casting krut, gouf eng 4. Séance den 5. Juni organiséiert. Vill Leit hun ons gefrot, wéi esou e Casting iwwerhaapt oofleeft, dofir hei e puer Erklärungen zum Organiséieren vun engem Casting.

Am Prinzip gin ett 2 Méthoden fir Schauspiller fir e Film ze fannen:

1) Et engagéiert een eng Casting-Agence oder een Casting-Agent. De groussen Virdeel vun dëser Méthode ass, dass déi Zougrëff op eng bestehend Datebank mat ganz villen professionnellen a semi-professionnellen Schauspiller hun. Et wees een waat sie virdrun scho gedréiht hun an ett kritt een eng genau Beschreiwung vun den Kandidaten mat professionnellen Casting-Fotoen présentéiert. Den eenzegen wirklechen Nodeel vun dëser Méthode ass, dass sie Suen kascht, schliesslech wöllen d’Casting-Agence oder den Casting-Agent fir hier Aarbecht och bezuelt gin. Eng a.s.b.l. muss sech dann entscheeden, ob sie déi Suen investéieren wöll oder nët. Sie muss dobäi awer och bedenken, dass die professionnell Schauspiller, un déi sie iwwer eng Casting-Agence könnt, vun hierer Schauspillerei liewen mussen an demno och bezuelt mussen gin. Schauspiller ze bezuelen, ass fir eng a.s.b.l. leider dax eng Sach vun der Onméiglechkeet.

2) Die zweet Méthode fir u Schauspiller ze kommen, ass direkt selwer e Casting ze organiséieren. Daat ass de Choix, deen mir als Obskura a.s.b.l. gemach hun.  Besonnesch fir kléng Produktiounen bidd e Casting grouss Virdeeler. Niewt der Tatsach, dass d’Organiséieren vun engem Casting nët vill Suen kascht, gët et engem d’Geléenheet all d’Kandidaten direkt perséinlech kennen ze léieren an sech eng Iddi vun hierem Talent an och – waat baal méi wichteg ass – vun hierer Perséinlechkeet an vun hierer Astellung vis-à-vis vum Filmprojet ze man.

Wann een wöll, dass e Casting Erfollëg huet, muss en méiglech grouss ugekönnegt gin. Mir hun daat gemach andeems mer e Pressecommuniqué un d’national Presse geschéckt hun. Ett huet een leider keng Garantie, dass deen Communiqué och oofgedréckt gët. Onsen Communiqué ass just vun e puer Zeitungen (a nët die gréissten) publizéiert gin. Doniewt ass de Casting dann och a zwou Annoncen am “graffiti” an am Magazin “Voxworld” annoncéiert gin, deenen mer op dëser Plaz fir hier Ennerstëtzung Merci soen. Eng efficace a gratis Art a Weis Promo fir e Casting ze machen, ass iwwer de Wee vum E-mail. D’Casting-Annonce einfach un d’Bekannten a Kollegen weiderschécken an déi bieden, den Mail weiderzeschécken.

Wann den Casting annoncéiert ass, mussen d’Kandidaten d’Méiglechkeet kréien sech unzemellen. Et kann een hinnen eng Telefonsnummer gin, wou sie sech unmellen können, mee dann muss och op der aanerer Säit eng Persoun bereed stoen fir d’Uriff entgéint ze huelen. Daat geet just wann een vill Zäit a keng Arbecht niewenbäi huet. Vu dass bei onser a.s.b.l. all Member niewt dem Film nach e Beruf huet, wor daat keng gudd Solutioun. Dofir hun mir op onsem Internet-Site een Formulaire publizéiert, deen d’Kandidaten ausföllen konnten fir um Casting deelzehuelen. Duerch déi Formulairen kann een sech dann no der Aarbecht duerchschaffen an d’Kandidaten kontaktéieren, fir hinnen Détailer vum Ooflaaf vum Casting matzedeelen.

D’Plangen an d’Organiséieren vun den Casting-Séancen ass die meeschten Arbecht, well ett geet nët duer den Kandidaten ze soen, waat fir een Dag sie sollen op den Casting kommen, mee et soll een hinnen och soen können, ëm wéivill Auer sie untrieden wärden, domat sie nët ze lang op hieren Asatz warden mussen. Ett sol een also keen Kandidat um 14.00 Auer op een Casting bestellen wann een wees, dass hien réischt um 17.00 Auer un d’Reih könnt well och nach 15 aaner Kandidaten do stin. Daat ass einfach eng Fro vun Organisatioun an vu Respekt vun de Leit.

Den Casting selwer leeft dann esou oof: de Kandidat könnt sech ëm eng bestëmmten Auerzäit virstellen, hien kritt dann eng kuerz Szene vum Film op Papéier ausgedeelt an huet ronn 10-15 Minuten Zäit fir déi anzestudéieren. Wann hien prett ass, gët hien a e separaten Raum erageruff fir die Roll ze spillen. Wichteg ass, dass d’Performance vun den Kandidaten gefilmt gët. Eischtens, well et onméiglech ass, sech no e puer Deeg un all d’Kandidaten ze erënneren an zweetens, well verschidden Leit ganz gudd am richtegen Liewen eriwwerkommen a manner gudd op Film (a vice-versa). Ausserdeem kann sech d’Equipe herno nach eng Kéier an aller Rouh die verschidden Kandidaten unkucken, fir ze entscheeden wien waat fir eng Roll kritt.

Wann een Leit filmt, ass ett och wichteg sie eng “Cession des droits” ennerschreiwen ze loosen, domat d’Biller an den Toun déi gefilmt goufen, vun der a.s.b.l. och fräi benotzt können gin.

Ett goufen och vun all den Kandidaten Fotoen fir a onsen Casting-Book geholl.

Ons a.s.b.l. gët doriwwer eraus den Kandidaten och ëmmer eng kuerz Informatiounsnote, wou genau drop steet, wéi den Projet ooflaafen wärd an waat mir vun den Kandidaten erwarden an hinnen als Géigenleeschtung fir hiert Matschaffen offréieren können.

Wann all d’Castingen eriwwer sin, könnt d’Equipe vum Film nach eng Kéier zesummen, kuckt sech d’Videoopnahmen un an décidéiert (dax no langen  Diskussiounen) wien waat fir eng Roll proposéiert kritt. D’Rollenverdeelung fir den LMT wor nët ëmmer einfach, well de Gros vun de Kandidaten ganz uerdentlech gespillt huet an ons domat d’Entscheedung wirklech nët einfach gemach huet.

Dono kruten d’Kandidaten bescheed gesoot. All Roll gët ëmmer op manst zweemol besaat fir de Fall, dass een vun den Kandidaten nët beim Projet matmaachen kann.

Nach e puer Zuelen um Enn: Am LMT goufen et 26 grouss a kleng Rollen ze besetzen. Doniewt goufen ronn 90 Statisten gesicht. Um Casting ungemellt hun sech 123 Leit, um Casting deelgeholl hun 78 Kandidaten. Zréckbehaal goufen 9 Kandidaten fir Haaptrollen, 16 Kandidaten fir Niewenrollen an all d’Kandidaten, déi nët zréckbehaal goufen, kruten eng Statisten-Roll offréiert, fir awer um Tournage dobäi können ze sin. Mir freeën ons op d’Zesummenarbecht.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *