Luxembourg Mystery Tale – Production Diary 1 (LU)

Moien! Mäin Numm ass Petz, ech sin den Initiator vun der Obskura a.s.b.l. an vum Filmprojet “Luxembourg Mystery Tale” (LMT) an heeschen Ierch all wëllkomm am “production diary” vun onser neier Produktioun. Op dëser Plaz wärd ech zesummen mat onser ganzer Equipe Ierch an den nächsten Wochen an Méint iwwer die verschidden Etappen vun onsem neien Filmprojet um courant haalen an op die verschiddenst Aspekter vun enger Amateur- a semi-professionneller Produktioun agoen.

Am Moment ass LMT an der Préproduktioun. An dëser éischter Episode vun onsem “production diary” wöllen mer dann kuerz erklären, waat eng Préproduktioun ass andeems mer die grondsätzlech Etappen vun deser wichteger Phase vun enger Filmproduktioun kuerz ëmräissen (ouni Usproch komplett ze sin) :

1) Eng Geschicht (er)fannen an een Dréihbuch schreiwen

Die éischt Etappe ass, sech op d’Grondiddi vum Film ze eenegen an een Dréihbuch auszeschaffen, respektiv d’Rechter vun engem Dréihbuch vun engem Auteur oofzekaafen oder mat him kontraktlech festzehaalen, dass hien Dréihbuch gratis zur Verfügung stellt (an der Hoffnung dass doraus een gudden Film gemach gët). Tips wéi een een Dréihbuch schreiwt, fënnt een en masse um Internet an an der spezialiséierter Literatur.

2) Eng Filmcrew zesummenstellen, déi den Film réaliséieren wärd.

Am Moment besteet ons Crew aus den 8 Leit vum Comité vun der a.s.b.l. plus 2 Leit déi sech bereed erklärt hun um Projet matzeschaffen. Am ganzen sin mir also elo zu 10 Leit op der Réalisatiouns-Säit. Daat ass schon nët iwwel, mee 2-3 weider Bénévolen wieren nët vun Mutwëll. Leit déi un engem No- oder Lowbudget-Film matschaffen, brauchen aus onser Erfahrung zwou Haaptqualitéiten a mussen

a) absolut zouverlässlech sin an

b) können an enger Equipe schaffen.

Den Rescht léiert een zimmlech séier, wann een motivéiert ass an sech fir d’Sach interesséiert. Un engem Hollywood-Film schaffen dachs e puer honnert Leit. Daat ass fir eng Amateur-Produktioun natirlech net méiglech. Trotzdeem sollt een probéieren wéinstens d’Haaptposten vun enger Filmproduktioun ze besetzen. Folgend Leit gin onbedengt gebraucht:

  • Réalisateur : Hien décidéiert waat an wéi gefilmt göt. Hien huet d’Dréihbuch am Kapp an wees emmer waat als nächst geschitt. Hien motivéiert seng Crew, steet der Equipe Ried an Änwert, brauch wéineg Schloof, huet vill Gedold a keng Angscht ze improviséieren.
  • Kameramann : Hien filmt, passt op dass d’Biller scharf an d’Opnahmen richteg cadréiert sin. Hien sollt och können mat enger Steady-Cam an mat engem Kamera-Kran emgoen an schafft ganz eng mam Réalisateur zesummen.
  • Toun-Techniker : Hien huet den Casque um Kapp an kontrolléiert, dass den Toun propper opgeholl gët.
  • Belichter : Hien kuckt, dass d’Szenen propper ausgelicht sin an kann mat sengen Luuchten déi vum Dréihbuch virgeschriwwen Ambiance schaafen.
  • Make-up Artist : Bei enger Amateur-Produktioun huet déi Persoun vill ze din : schminken, coifféieren, bei Spezialeffekter hëllefen…
  • Filmcrew : Bei engem Tournage faalen sëllegen Arbechten un, un déi een am Ufank guer nët denkt wéi z.B. Stroumkabel verléen, Material transportéieren, Luchten opstellen, Miwwlen récklen, Requisiten organiséieren, Frigo föllen, etc. Dofir ass ett gudd e puer Leit dobäi ze hun, déi sech bereet haalen do eng Hand unzepaaken wou grad Nout um Mann ass.
  • Monteur : Hien montéiert den Film an der Post-Produktioun.

Och wann ett sech em fräiwëlleg Matarbechter handelt, soll mat jidderengem, deen een Beitrag zum Film leescht, een Kontrakt gemach gin. Daat gëllt besonnesch fir Schauspiller an Musiker, déi sech anverstan erklären mussen, dass hieren Numm, hiert Bild an hier Stëmm oder Musek fir den Film an fir d’Promotioun vum Film gebraucht gin.

3) E Finanzéierungsplang fir den Projet opstellen

Ganz ouni Suen geet et nët an och bei enger Low- oder No-Budget Produktioun muss een Budget opgestallt gin. Am Budget soll alles opgelëscht gin, waat Suen kascht oder kaschten kann:

  • Schauspiller
  • Produktiouns-Team
  • Requisiten a Material
  • Kostümer
  • Dréihplazen an Set
  • Spezial-Effekter
  • Makeup
  • Kamera- an Produktiounsequipement
  • Catering
  • Marketing

Bei vill vun dësen Posten kann gespuert gin, wann een Leit fënnt, déi bereed sin fir näischt ze schaffen. Beim LMT schafft die ganz Equipe an d’Schauspiller éierenamtlech. Och beim Catering können Kollegen an Famill mathöllefen andeems sie fir een Dag d’Iessen fir die ganz Equipe sponsoren. Gudd HD-Digitalkameraen sin haut relativ bëlleg ze kréien (Consumer-Modeller ouni vill Astellungsméiglechkeeten ab 1.000.- EUR an Prosumer-Modeller mat ganz villen Astellungsméiglechkeeten ab 3.500.- EUR) an Montage, Vertounung an Spezialeffekter loosen sech op all gewéinlechem PC machen. Och beim Marketing gin ett vill Méiglechkeeten mat wéineg Suen een breeden Publique ze erreechen.

Wou nët gespuert soll gin, daat ass bei der Verpflegung vun der Filmcrew. Wann Leit éierenamtlech schaffen, sollen ett hinnen op manst während dem Tournage un näischt fehlen. Wien Zäit huet fir Sponsoren ze sichen, soll daat machen. Ett kann een den Sponsoren eng ganz Reih vun Géigenleeschtungen offréieren, déi nët allzevill kaschten an hinnen awer eppes bréngen: den Logo op den Marketing-Support’n drécken, een gratis Clip fir den Sponsor dréihen, den Sponsor säin Produit am Film abauen, DVD vum färtegen Film zur Verfügung stellen, den Sponsor an seng Frënn op d’Premiere alueden, etc. Der Imaginatioun sin keng Grenzen gesaat. Ett ass allerdengs wichteg, dass een näischt um Dréihbuch ännert just fir engem Sponsor ze gefaalen.

4) Location scouting

Eng Etappe déi natirlech och zur Préproduktioun gehéiert ass den “location scouting”, also d’Sichen vun ge-eegenten Plazen fir den Film ze dréihen. Flott “Locations” können “production value” (also den subjektiv empfondenen Hierstellungspräis a Qualitéitsandrock) vun  engem Film eemenz opwerten.

5) Schauspiller fannen

Die einfachst Methode fir Schauspiller fir een Film ze fannen, ass een Casting ze organiséieren. Bei engem Casting kommen Kandidaten sech virstellen, déi eng Roll an engem Film iwwerhuelen wöllen. Wien vill Kandidaten kréien wöll, soll säin Casting méiglech grouss an der Zeitung oder am Internet unkönnegen. Fir LMT ass een Pressecommuniqué verschéckt gin an gët an der Kinozäitschrëft “graffiti” eng Kleng Annonce geschalt. Ausserdeem gouf een “casting call” iwwer e-mail un eng ganz Reih vun Frënn a Bekannten geschéckt mat der Opfuerderung den Message weiderzereechen.

Am Moment sin 3 Casting-Séancen am Utopolis virgesin wou d’Kandidaten eng kuerz Szene aus dem Dréihbuch virun laafender Kamera spillen sollen. Ett ass wichteg den Casting opzehuelen, well verschidden Leit déi am richtegen Liewen gudd eriwwer kommen, kommen op Film manner gudd eriwwer an vice-versa. Ausserdeem kann d’Equipe sech herno an aller Rouh nach eng Kéier die verschidden Kandidaten unkucken an dann fräi entscheeden, wien sie fir die verschidden Rollen zréckbehällt.

6) Produktiounsplang opstellen

Wann beim Tournage nët alles driwwer an drënner goen soll, muss een Produkiounsplang (production board) gemach gin. Dobäi göt festgeluecht wéivill Deeg den Tournage dauert an dann Dag fir Dag genau festgehaal wou waat mat weem gedréiht göt an waat dofir gebrauch göt (Set, Schauspiller, Techniker, Kostümer, Material an Requisiten)

Wann d’Equipe grouss genuch ass, kann een och nach fir all Szene een „Breakdown sheet“ virbereeden. Do gin all d’Elementer déi fir den Tournage vun enger Szene gebraucht gin op enger Säit resuméiert. Daat ass ganz praktesch fir um Tournage den Iwwerbléck net ze verléieren.

Fir all dës Etappen gët ett spezialiséiert Software déi d’Virbereedungs-Arbecht eemenz erlichtert. Ganz besonnesch ass hei die gratis Software Celtx ze recommandéieren (www.celtx.com)

Voilà! Wann déi 6 Etappen gemeeschtert sin, dierf am Prinzip d’Produktioun, also den Tournage vum Film, starten. Am Géigensatz zu onsem éischten Film (Zombie Film), deen an 3 Wochen an engem Stéck gedréiht gouf, wöllen mer den LMT iwwer e puer Méint verdeelt, all Kéier während den Weekender, dréihen. Mir erhoffen ons dovun, die verschidden Szenen besser virbereeden an generell méi flexibel schaffen ze können. Ausserdeem huet ons ganz Equipe beruflech a familiär Obligatiounen, déi een 3 oder 4 Wochen-Tournage schwéier méiglech machen.

Mir wärden an den nächsten Wochen an Méint op die verschidden Etappen vun der Réalisatioun vum LMT zréckkommen. Op Froen an Unreegungen äntweren mer gär esoubaal mer Zäit hun.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *