Luxembourg Mystery Tale – Production Diary 11 (LU)

Heinsdo gläicht e Film dréihen enger onendlecher Geschicht. An daat ëmsou méi wann die eenzeg Zäit wou een um Film schaffen kann, déi Zäit ass déi d’Produktiounsteam an d’Schauspiller niewt hierem richtegen Beruf nach iwwreg hun. Mee suguer wann d’Sachen sech lues beweegen, beweegen sie sech. An daat éischt waat sech elo beweegt huet ass emol den Datum vun der Sortie vum LMT, deen elo offiziell an d’Joër 2010 gerutscht ass…

Waat hun mer an de leschten Méint gemach? Ons Equipe huet hard geschafft fir den Tournage vum zweeten Deel vun onsem Film oofzeschléissen (den éischten Deel gouf 2008 gedréiht). Mir hun daat Ziel just knapp verfehlt an mussen elo nach 4 Szenen (vun am ganzen 68) nächst Joër dréihen. Daat soll dann och esou séier wéi méiglech Ufank 2010 geschéihen domat mer ons dann ganz op d’Postproduktioun an d’Virbereeden vun der Marketing-Campagne konzentréieren können.

Ausserdeem hun mir nach e puer Iwwerraschungen fir Ufank vum nächsten Joër parat… An der Zwëschenzäit hei emol e puer Impressiounen vun den leschten Tournagen.

D’Mendaly an den Yves bereeden sech op eng Action-Szene vir, bei där den Yves leider een héichen Präis huet missen bezuelen…
Können mer eng Mystery-Belichtung kréien, w.e.g? Merci!
Ok, an elo eng krank Belichtung w.e.g! Huch, sollen déi blo am Gesicht sin? Den directeur artistique seet jo, also huelen mer déi Szene elo!
Keng geféierlech Chemikalien um Set w.e.g.! Nee, daat interesséiert mech nët ob dir Masken unhutt oder nët! Dajé dann, verschidden Effekter kann een eben nët digital machen…

 

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *