Luxembourg Mystery Tale – Production Diary 6 (LU)

E puer Leit hun ons gefroot, mat waat fir engem Material mer géifen onsen Film dréihen. Hei also eng kuerz Lëscht vum Material daat mir benotzen fir den LMT ze dréihen.

  • 1 x Panasonic AG-HVX200 (HD Kamera déi op Späicherkaarten ophöllt. Weider Informatiounen gët et hei)
  • 1 x Panasonic AG-HVX201AE (wéi HVX200 mat liit besserer Lichtempfindlechkeet, manner Bildrauschen an méi groussen Wäitwënkel)
  • 2 x 16 GB P2 Späicherkarten
  • 2 x Cokin Mattebox Set (82mm Adapter + ND & Blo Filter)
  • 2 x Manfrotto 503HDV Stativ
  • 1 x Glidecam Camcrane 200 mat ferngesteiertem 360° Kapp
  • 1 x Steadycam
  • 1 x Wäitwënkel Century Optics 0,6
  • 1 x Bebob Foxi HD & Zoe DVXL Full Servo Kit (Kamera, Zoom and Focus Fernbedienung)
  • 1 x Digital Audio Recorder Zoom H4
  • 1 x Stereo Mikrofon Beyerdynamic MCE 82
  • 1 x Richtmikrophon Rode NTG2
  • 1 x Dedolight Basic Explorer Kit

Als Kontrollschierm benotzen mer een PC Laptop mat Adobe OnLocation Software.

Och wann d’Material seng Wichtegkeet huet, entscheeden am Endeffekt d’Kalitéit vum Dréihbuch an d’Talent vum Produktiounsteam a vun de Schauspiller iwwer de Succès vun engem Film. Ett gin all Dag exzellent Filmer mat ganz wéineg Mëttlen a bëllegen Kameraen gedréiht. Als Beispill kann een dësen amerikaneschen Independent Kuerzfilm zitéieren, deen mat quasi null Budget op enger Canon HV20 Kamera gedréiht gouf, déi een fir 800.- EUR am nächsten Supermarché ze kaafen kritt.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *